arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ An 2. Instanz: Liewenslänglech gefuerdert fir Mann, dee säi Papp erwiergt huet

Justiz

|
headphones

1 min

headphones

2 min

play_arrow

An 2. Instanz: Liewenslänglech gefuerdert fir Mann, dee säi Papp erwiergt huet

Op der Cour d'appel an der Stad gouf am Nomëtteg liewenslängleche Prisong fir een haut 36 Joer ale Mann gefrot. Et goung am Prozess ëm d'Erwierge vum Papp vum Beschëllegten, am Dezember 2022, a senger Wunneng zu Esch.

headphones

1 min

headphones

2 min

play_arrow
Stater Geriicht - klenge Sall 1.04 | © Eric Ewald
Stater Geriicht - klenge Sall 1.04 (Foto: Eric Ewald)

Am Februar war den Ugekloten dowéinst an éischter Instanz um Stater Geriicht zu 30 Joer Prisong verurteelt ginn.

De Beschëllegte wollt an zweeter Instanz eng manner héich Strof kréien.

An dësem Fall géif eng vun de schlëmmsten Infraktioune virleien, de Pappemord, sot de Vertrieder vum Parquet général um Dënschdegmëtteg op der Cour d’appel. Duerch déi considerabel Gewalt géintiwwer dem Papp hätt dee 36 Joer alen Adoptivjong d'Absicht gehat fir ëmzebréngen.

play_arrow Lauschteren