Hei waren de 5.Juni 1944 déi éischt Fallschirmjäger gelannt, fir déi däitsch Truppen um Virowend vum D-Day ofzelenken. Muer ass en internationaalt Gedenken op der Omaha Beach an der Normandie bei dem och den US-President Joe Biden, den daitsche Kanzler Olaf Scholz an den ukrainesche President Wolodymyr Selensky erwaart ginn.
A Groussbritannien huet de Kinnek Charles III bei enger Gedenkfeier zu Portsmouth un d‘Saldoten erënnert déi virun 80 Joer an d‘Normandie gaange sinn. Hie sot, et géif een fir ëmmer an hirer Schold stoen. Den D-Day markéiert den Optakt vun der Befreiung vu Frankräich a Westeuropa vun der Nazi-Herrschaft. Deemols goufe mat knapp 7.000 Schëffer Zaldoten aus den USA, Groussbritannoen a Kanada an d‘Normandie bruecht fir déi däitsch Verdeedegungslinn ze duerchbriechen.