Radioen

On air

Notturno  |  The Delfonics - Baby I Love You

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ An Ikea-Miwwele gouf Holz aus geschützten europäesche Bëscher fonnt

Greenpeace

An Ikea-Miwwele gouf Holz aus geschützten europäesche Bëscher fonnt

Déi lescht Urbëscher an Europa ginn zerstéiert fir Ikea-Miwwelen ze produzéieren. Dat kritiséiert Greenpeace a fuerdert déi schweedesch Entreprise op, hir Liwwerketten ze iwwerpréiwen. 

auto_stories

1 min

© picture alliance / Norbert Schmidt | Norbert SCHMIDT
Foto: picture alliance / Norbert Schmidt | Norbert SCHMIDT

Enger Recherche vu Greenpeace no géif Holz vun den Ikea-Miwwelen aus Urbëscher aus de Karapaten a Rumänie stamen. Eng ganz Partie extern Produzenten, déi fir Ikea schaffen, sollen Holz aus geschützte Bëscher huelen. Ënner anerem fir Still a Kannerbetter. An 13 europäesche Länner wiere Produite vun deene Liwweranten an Ikea-Miwwelhaiser fonnt ginn.

Ikea huet matgedeelt, datt een déi Virwërf ganz eescht géif huelen an der Saach géif nogoen.