Radioen

On air

Concert  |  Owesconcert

play_arrow Live
search

/ Ampel an der Kris: FDP Verkéiersminister trëtt aus a bleift Minister

Däitschland

Ampel an der Kris: FDP Verkéiersminister trëtt aus a bleift Minister

Den Volker Wissing, bis elo däitschen FDP Digital- a Verkeiersminister, trëtt aus der FDP aus a bleift an der Regierung vum Olaf Scholz. Dat huet de Wissing um Donneschdegmoie zu Berlin annonceiert. Hie wéilt net an eng aner Partei goen, huet hien nach ennerstrach.

auto_stories

1 min

Foto: picture alliance/dpa | Michael Kappeler

Dëst geschitt nodeems déi däitsch Regierung vum Olaf Scholz gëschter geplatz ass. De Scholz huet um Mëttwochowend de Christian Lindner, Finanzminister a Chef vun der FDP entlooss. Doropshin gouf annoncéiert, datt all FDP Minister sech aus der Regierung géifen zeréckzéien. 

Lo um Donneschdegmoie gouf bekannt, datt de Jörg Kukies neie Finanzminister an Interimssnofollger vum Christian Lindner gëtt. De Kukies war bis elo Wirtschaftsberode vum Olaf Scholz. D'Regierung wëll bis d'Regierung nach déi wichtegst Gesetzesprojeten ofstëmmen. Am Januar wéilt den Olaf Scholz dann d'Vertrauensfro stellen, déi u Neiwale féiere wäert.

Ob dat sou klappt, schéngt onwarscheinlech. D'CDU an d'CSU hunn haut um Donneschdegmoie gefuerdert, datt de Vertrauensvott nächst Woch scho soll sinn.