Kuerz virun der Vakanz stoung d’lescht Woch d’Demokratie an de Schoulen am Mëttelpunkt. Eng ganz Woch iwwer waren an de Lycéeën an an de Grondschoule Workshoppen, Ausstellungen an Diskussiounsronne ronderëm d’Thema Demokratie.
Eng Table Ronde huet dobäi fir besonnesch vill Diskussioun gesuergt: De Schülercomité vum Lycée Hubert Clement zu Esch hat nämlech Vertrieder vu verschiddene Parteien agelueden, mee d’ADR bewosst ausgeschloss. De Lycée hat dat domat begrënnt, datt “d’Rhetorik vun der Partei deels an Haass iwwergoe géif”.
D’ADR war domat guer net averstan, an huet dem Schülercomité “Propaganda” virgeheit.
Prinzip vun der Neutralitéit
Mee wéi eng Reegele gëllen eigentlech iwwerhaapt, wa Politiker an enger Schoul optrieden? Am 100,7-Interview huet den Educatiounsminister, Claude Meisch de haut um Dënschdeg betount, datt et an deem heite Fall eng Table-Ronde war, déi vum Schülercomité organiséiert war. Am Allgemenge gëllt de Prinzip vun der Neutralitéit, mee net fir all eenzel Aktivitéit, erkläert de Claude Meisch:
"Mee d'Schoul soll Suerg droen, datt keen iwwert d'Joer ausgeschloss ass. Also et ass d'Zomm vun den Aktivitéiten, déi hei soll zielen."
An Schoulen elo all Kéiers mat enger quasi "Comptabel-Mentalitéit" virzegoen wier och net zilféierend.
"Ze zielen, wat dann deen ee Politiker, wat deen anere vun där enger oder anerer Partei gemaach huet, fannen ech klenglech."
Dëst wäert sécherlech och net dozou bäidroen, datt Jonker sech fir Politik a fir Demokratie interesséieren oder engagéieren.
Net ubruecht
An dofir fënnt den Educatiounsminister Claude Meisch "déi Diskussioun, déi hei am Nachhinein vum ADR lassgetrëppelt ginn ass, an sech och als Affer duerzestellen" net ubruecht.
Et sollt ee frou si wa Jonker eng Meenung hunn, och wann déi Meenung eis emol net gefält.