Dat, wéinst de ugekënnegte Spuermesurë vum President Donald Trump. Am Ganze stéingen eng Dose westeuropäesch Ambassaden a Konsulater op der Lëscht, Lëtzebuerg wier gëschter um Méindeg nach zousätzlech drop gesat ginn, esou Politico. Och Malta ass betraff. Soss sinn et europäesch Konsulater, ënner anerem an Däitschland an a Frankräich.
Am Mäerz hat d’Trump Administratioun schonn offiziell annoncéiert, eng Rei Ambassaden a Konsulater uechter d’Welt wëllen zou ze maachen, fir Käschten ze Spueren. Scho kuerz no där Annonce koum et zu Manifestatioune virum amerikanesche Konsulat zu Stroossbuerg, deem seng Responsabel sech op France Info géint eng Fermeture gewiert hunn. Betraff vun där Annonce waren ënner anerem och Düsseldorf, Lyon a Florenz.
Am Fall wou déi amerikanesch Ambassade zu Lëtzebuerg effektiv géif zougemaach ginn, géifen d‘Aktivitéite warscheinlech op Bréissel verlagert ginn. Kuerz nodeems den Donald Trump amerikanesche President gouf, hat hien d‘Stacey Feinberg als nei amerikanesch Ambassadrice hei am Land nominéiert.