Zënter der Revanche-Annonce vun der israeelescher Regierung ass d’Hisbollah an Alarmbereetschaft. Et wier ee bereet zréckzeschloen, sollt Israel effektiv ugräifen, huet et aus Kreesser vun de pro-iranesche Milize geheescht. Israeelesch Medie gi vun enger bedeitender, wann och begrenzter Reaktioun vun der eegener Arméi aus.
USA: Israel dierf sech verteidegen
Nieft der israeelescher mécht och d’US-Regierung d’Hisbollah fir d’Rakéitenattack vum Weekend verantwortlech. D’Rakéit wier an enger Géigend ofgeschoss ginn, déi vun de Milize kontrolléiert gëtt, heescht et zu Washington. Israel hätt d’Recht, fir sech ze verdeedegen, an d’Land kéint selwer decidéieren, wéi d’Reaktioun ausfale géif. Et géif een awer net dovun ausgoen, datt d’Attack vum Weekend zu enger Eskalatioun oder zu engem méi grousse Krichsrisiko féiere misst.
Et gouf weider Attacken op Israel
An der Tëschenzäit gëtt et Unzeechen dofir, datt eng Rakéit vun der Hisbollah ongewollt op de Golanhéichten ageschloen ass. Dee selwechten Dag hätt et nämlech och Ugrëff op israeelesch Militärziler an der Noperschaft ginn, soe libanesesch Sourcen. Egal wéi hat den israeelesche Premier Benjamin Netanjahu bei enger Visitt am viséierten Duerf erkläert, et géif eng Reaktioun kommen an datt dës haart wäert ginn.
Washington warnt virun Attack zu Beirut
D’USA hunn Israel awer virun enger Attack op d’Hisbollah an der libanesescher Haaptstad Beirut gewarnt. D’Situatioun kéint doduerch eventuell ausser Kontroll geroden an zu Ausenanersetzunge vun e puer Deeg a vun héijer Intensitéit féieren, déi nëmme schwéier erëm kéinten zeréckgefuer ginn. Washington wëll deemno net, datt d’Lag am Noen Osten eskaléiert. Ob d’Protagonisten op der Plaz dat och sou gesinn, dierften déi nächst Stonnen an Deeg weisen.