arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Administrativen Direkter vun der FLBB Pierre Rodenbourg wäert demissionéieren

Nationale Basket

|
reading time

1 min

Administrativen Direkter vun der FLBB Pierre Rodenbourg wäert demissionéieren

Den administrativen Direkter vun der Basketfederatioun wäert Enn September vu sengem Posten demissionéieren. Dat huet de Pierre Rodenbourg dem Radio 100,7 confirméiert. Hien ass Directeur administratif et financier vun der FLBB a wëll eng berufflech Opportunitéit an der Finanzwelt unhuelen.

reading time

1 min

© FLBB
(Foto: FLBB)

D’Demissioun soll Enn September op der Generalversammlung vun der Basketfederatioun offiziell ginn. Hie wéilt dono awer nees Member vum FLBB-Verwaltungsrot ginn, esou de Pierre Rodenbourg. 

Viru senger Nominatioun als administrativen Direkter war de Pierre Rodenbourg schonn am Conseil d’administration.