Op säin Dossier de soins partagé (DSP) kann een also elo zougräifen, ouni mussen op ee Code ze waarden, deen ee per Post geschéckt kritt. Et geet duer sech mat sengem Luxtrust-Zertifikat an de privaten Espace op MyGuichet anzeloggen.
Iwwer dee Kont kann een dann Donnéen wéi Bluttanalysen, Röntgen oder IRM-Opnamen nokucken oder selwer Donnéen dobäisetzen. Weider ass et méiglech, Zougrëffsrechter fir Noutdéngschter oder och medezinnesch Fachleit fräizeginn, eegen Informatiounen ze hannerleeën, säi Wëllen fir d'Organspend auszedrécken oder enger Zweetpersoun d‘Gestioun vun engem medizineschen Dossier unzevertrauen.
Leit déi kee Luxtrust Zertifikat hunn, kënne weiderhinn hire Konto op eSanté benotzen, heescht et weider am Schreiwes.