Weder d‘Presidentin vun der entente des offices sociaux Ginette Jones, nach d‘Direktesch vun der Associatioun Stëmm vun der Strooss Alexandra Oxacelay wëssen, vu wiem genee dëst Schreiwes kënnt.
Et ass och net gewosst wéi vill Persounen derhannert stinn. D‘Alexandra Oxacelay confirméiert zwar, datt d‘Situatioun um Terrain eescht ass, mee dat wier näischt Neies. Si kann net ganz novollzéien, firwat d‘Auteuren anonym bleiwe wëllen. Si kéint verstoen, firwat d‘Leit net wéilte géint hir Patronen oder Ministère goen, vun dem se finanzéiert ginn. An engem grousse Grupp wier dat awer eng aner Saach.
„An et wier een net feig, an et géif ee wierklech soe wéi d‘Saache sinn, da wier jo do ee méi klenge Risiko, also ech mengen net dat dann do ee Risiko wier. Wann ee sech zu puer Associatiounen sech géif zesummendoen an dann déi selwecht Sprooch géif schwätzen an déi selwecht Revendicatiounen hunn.“