Den Alex Kirsch an de Ralph Daleiden reesen nieft de Liichtathlete Bob Bertemes a Patrizia van der Weken, der Cyclistin Christine Majerus, dem Dressurreider Nicolas Wagner-Ehlinger, dem Bouschéisser Pit Klein, den Dëschtennisspiller Sarah de Nutte, Ni Xia Lian a Luka Mladenovic an der Triathletin Jeanne Lehairan an déi franséisch Haaptstad.
Deemno si sécher 11 Lëtzebuerger Sportler dobäi. D’Liichtathlete Vera Hoffmann, Charline Mathias a Ruben Querinjean kéinten ënner Ëmstänn nach dobäi kommen.