Dofir wäert och d‘Uelzecht zu Miersch an Ettelbréck klammen an d‘Côte d‘alerte erreecht ginn. Dat selwecht gëllt fir d‘Sauer zu Dikrech a Bollendorf muer am fréie Moien. Och un der Musel géif ee potentielle Risiko fir Héichwaasser bestoen. D‘Meldehéicht géifen awer viraussiichtlech net iwwerschratt ginn, esou nach d‘Waasserverwaltung
Nach bis muer de Moie 6 Auer gëllt och vu Meteolux fir dat ganzt Land onverännert eng orange Alerte – also déi zweethéchst Warnstuf – wéinst dem duerchgängege Reen. Och hei ass de Weste vum Land am meeschte betraff. Meteolux rechent mat 40 bis 60 Liter Reen op de Meterkaree, plazeweis souguer bis zu 80 Liter.
Bléift informéiert op de Sitten meteolux.lu an inondation.lu oder och op X vu MeteoLux.