Déi louch Enn 2023 bei ronn 27,4 Milliarden Euro. Dat waren iwwer 11 Prozent méi, wéi ee Joer virdrun. D’Reserv vun der Pensiounskeess huet Enn vum leschte Joer 4,25 Mol de Joresprestatiounen entsprach.
Reserven net ausschlaggeebend fir d'Zukunft
Deen niddregsten Niveau zanter 2013, erkläert de President vun der Pensiounskeess Alain Reuter. D‘Reserve wieren awer net wierklech ausschlaggebend fir d‘Zukunft vum System.
"De System dréit sech haaptsächlech doduerch, datt mer soen, déi lafend Einnamen, net déi mir maachen op de Finanzmarchéen, mee déi déi mer maache vun de Cotisatiounen, déi ginn duer fir d’Ausgabe kënnen ze tätegen a fir eng kleng Reserv dann all Joer unzesammelen.“
D’Reserv misst dee Moment agesat ginn, wann d'Ausgabe vun der Pensiounskeess temporär an d'Luucht ginn.
"Respektiv wann d’Politik net séier genuch ka reagéieren, fir u sech um Niveau vun den Ausgaben dann eppes ze maachen.
Se wieren awer net dofir do, de System ze retten.
"Pensiounskeess ass net do fir ze spueren"
D'Generalinspektioun vun der Sécurité Sociale huet rezent ausgerechent, datt d'Reserven an 20 bis 25 Joer wäerten opgebraucht sinn. Et wier wichteg, eng Relatioun mat deene Versécherten opzebauen, seet an deem Kontext den Alain Reuter.
"D’Pensiounskeess ass net do fir ze spueren, d'Pensiounskeess ass do fir déi Leit gutt ze bedéngen a gemäss hire Rechter och dat auszebezuelen. Mee trotzdeem maachen déi Ausgaben, déi ëmmer erëm erhéichten Ausgaben, maachen eis natierlech Suergen.“
No enger ganz grousser Perte am Joer 2022 hätt d’Reserv vun der Pensiounskeess sech d’lescht Joer erëm erholl: deen Deel vun dëser Reserv, deen op de Finanzmäert investéiert ass, ass 2023 ëm 10,4 Prozent geklommen, esou den Alain Reuter. An Zukunft soll mat engem aneren Deel vun der Reserv verstäerkt och am Logementsberäich investéiert ginn.