arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Aktuell Hëllefsliwwerungen an d'Gazasträif ginn net duer

Médecins sans Frontières

|
reading time

2 min

Aktuell Hëllefsliwwerungen an d'Gazasträif ginn net duer

D'Loftbrécken an der Gazsträif, wéi si elo ënnert anerem vun Däitschland a Frankräich gemaach ginn, géife bei Wäitem net duergoen. Dat seet Médecins sans Frontières Lëtzebuerg mat Verweis op virun allem déi aktuell Hongersnout an op déi ëmmer méi schlëmm Situatioun an der Gazasträif.

reading time

2 min

© picture-alliance/ dpa | Jens Kalaene
(Foto: picture-alliance/ dpa | Jens Kalaene)

MSF fuerdert an deem Kontext op en Neits, datt Israel d’Grenziwwergäng fir humanitär Hëllef opmécht.

D’Situatioun an der Gazasträif wier fir humanitär Hëllefsorganisatiounen aussergewéinlech kritesch. Et géife keng Sécherheetszone méi ginn a souguer Spideeler géife bombardéiert ginn, seet de Direkter vu Médecins sans Frontières Lëtzebuerg Thomas Kauffmann.

MSF-Mataarbechter schaffen ënner Extremkonditiounen

Déi meescht Mataarbechter vu Médecins sans Frontières op der Plaz wiere selwer Palästinenser a géife schonn zënter Méint ënner extreme Bedingungen hëllefen. De Manktem u Liewensmëttel hätt och direkt Repercussiounen op d’Ekippen, déi op eidelem Mo a quasi ënner konstantem Bombardement schaffe mussen.

D’Loftbrécken, déi verschidde Länner elo decidéiert hunn, géifen zwar hëllefen, mee bei Wäitem nach net duergoen, sou den Direkter vun MSF Lëtzebuerg Thomas Kauffmann.

"La France a dit qu 'ils allaient envoyer 40 tonnes, en fait pour avoir une échelle, 40 tonnes c'est à peu près le contenu de deux camions, et lorsque nous pouvions entrer dans la bande de Gaza pour soutenir la population palestinienne, c 'était 500 camions par jour qui étaient nécessaires."

MSF fuerdert, datt Israel d'Grenziwwergäng opmécht

D’Hëllefsliwwerungen, déi aus Fligeren iwwer dem Krisegebitt erausgehäit ginn, wieren ausserdeem net ongeféierlech, well Leit um Buedem kéinte blesséiert ginn, sou nach den Thomas Kauffmann.

Israel muss d’Grenziwwergäng opmaache fir datt déi humanitär Hëllef nees iwwer déi normal Weeër, dat heescht mat Camionen, an d’Gazasträif komme kann, sou nach den Opruff vun MSF. Weider misst déi international Communautéit ëmmer nees zu engem eeschte Waffestëllstand opruffen, fuerdert den Thomas Kauffmann.

Médecins sans Frontières géif reegelméisseg Temoignagë vu schwéierer Ënnerernierung kréien, sou nach den Thomas Kauffmann.