arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Aktiviste-Schëffer um Wee an d'Gazasträif melle Problemer

Noen Osten

|
headphones

1 min

Aktiviste-Schëffer um Wee an d'Gazasträif melle Problemer

Dräi Lëtzebuerger Memberen, déi Deel si vun der internationaler Initiativ fir mat Schëffer Hëllef an d'Gazasträif ze bréngen, melle Problemer.

headphones

1 min

Global Sumud Flotilla beim Depart an Tunesien | © EPA/MOHAMED MESSARA
Global Sumud Flotilla beim Depart an Tunesien (Foto: EPA/MOHAMED MESSARA)

Eng Persoun hätt d'Missioun wéinst gesondheetleche Problemer missen ofbriechen, an zwou aner Persoune wieren op Schëffer gewiescht, déi d'Rees wéinst technesche Problemer hu missen ofbriechen. Eent dovun ass elo nees ënnerwee, dat anert awer nach an der Reparatur.

Weider heescht et, d'Schëffer vun der sougenannter Global Sumud Flotilla wieren an den Deeg, wéi se méi no un d’Gazasträif kommen, ëmmer méi dacks mat Dronen an aneren Attacke konfrontéiert.

Déi Attacken hätten och scho Schued verursaacht a géifen déi am Ganze 500 Zivilisten u Bord vun de Schëffer a Gefor bréngen.