Radioen

On air

Notturno  |  Rumble In Rhodos - Carve Visage

play_arrow Live
search

/ Aktiounsplang "Kënschtlech Intelligenz"

EU-Kommissioun

Aktiounsplang "Kënschtlech Intelligenz"

D’Zil vum Aktiounsplang "Kënschtlech Intelligenz" ass et, Europa zu engem Leader am KI-Beräich ze maachen. Bis elo géinge just 13 Prozent vun den Entreprisen an Europa KI notzen, sot um Mëttwochmëtteg d’Vizepresidentin vun der Kommissioun Henna Virkkunen.

auto_stories

1 min

Symbolfoto: Kënschtlech Intelligenz | © Bigstock
Symbolfoto: Kënschtlech Intelligenz (Foto: Bigstock)

Fir datt d’EU hire Retard par Rapport zu China an den USA ophuele kann, solle weider grouss Rechenzentre geschaf ginn. Zil ass et, sou genannte KI-Factories op d’Been ze setzen. 13 där KI-Fabricken gëtt et schonn an der EU, eng dovun ass d’”MeluXina AI” zu Biissen. Geplangt ass och den Opbau vun nach méi groussen Entitéiten.

D’Kommissioun rifft d’EU-Länner elo dozou op, hir Kandidatur fir eng vun deene Giga-Fabricke bis Juni ze stellen. Am Ganze géifen dofir Investitioune vu bis zu 20 Milliarden Euro gebraucht.