Déi Lëtzebuerger Justiz an d‘Cellule de renseignement financier hätte matgehollef, een internationale Reseau opzedecken, dee Kreditkaarte gefälscht huet. Dee Reseau war haaptsächlech an Däitschland aktiv. Mee en huet awer och iwwer Lëtzebuerger Gesellschaften operéiert. Et goufen och Perquisitiounen zu Lëtzebuerg.
Wéi Eurojust matdeelt, goufen 18 Persoune festgeholl. De Reseau war a Frankräich, der Belsch an a Spuenie aktiv. Et hätt och Perquisitiounen an Italien, Holland, Kanada, Singapur, den USA an op Zypern ginn.
4 Millioune Leit sinn Affer ginn
De Cyber-Bedruch ass weltwäit iwwer geklauten a gefälschte Kreditkaarten a Fake-Sitte gelaf. Déi Verdächteg kréie virgehäit, Kreditkaarten aus 193 Länner benotzt ze hunn fir méi wéi 19 Milliounen Abonnementer iwwer professionell bedriwwe falsch Internetsäiten ofzeschléissen.
De Schued soll iwwer 750 Milliounen Euro leien. Iwwer 4 Millioune Mënsche weltwäit wieren Affer ginn.