De Gewënner vum Africacup ass bis elo deen eenzege kontinentalen Titel fir Marokko.
Ugefouert vun hirer Nummer 10, dem Brahim Diaz vum Real Madrid an hirem Kapitän Ashraf Hakimi vum Paris Saint-Germain, gleeft dat ganzt Land fest un d'Schlussvictoire.
Nach ni openee getraff
Och hire Géigner, de Senegal, huet d'Afrikameeschterschaft bis ewell just eng Kéier gewonnen. 2022 war dat, déi schéin Erënnerungen si wueln nach méi frësch.
Vill vun deene Spiller sinn och haut an der Finall nach dobäi, virop hire Superstar Sadio Mané, dee soss ëmmer beim FC Liverpool oder dem FC Metz, elo fir déi déck Paien a Saudi-Arabien.
Komescherweis hunn de Senegal an de Marokko an der laanger Geschicht vun dëser Afrikameeschterschaft nach ni géinteenee gespillt, a scho guer net an enger Finall.
Groussen Dram vu Schlussvictoire
Béid Ekippe konnten an de viregte Ronnen net ëmmer ganz iwwerzeegen. No deenen zwee éischte Gruppematcher gouf et a Marokko souguer Kritik um Nationaltrainer an Nationalheld vu bis ewell dem Walid Regragui, well dësen d'Ekipp ze virsiichteg géif spille loossen.
Änlech Kritik gouf et och fir d'Senegaleesen. Mee déi Kritik ass am Laf vum Tournoi verschwonnen. An elo stinn se also an der grousser Finall den Owend zu Rabah am fuschneie Prënz-Abdelha-Stadion.
Sollt den Dram vun der Schlussvictoire am eegene Land wouer ginn, wäert ganz Marokko op der Kopp stoen an och vill Plazen hei an Europa mat grousse marokanesche Communitéiten.
Eent steet elo awer scho fest: De Marokko huet der Welt mam perfekten Oflaf vun dëser Afrikameeschterschaft de Beweis geliwwert, datt ee méi wéi prett ass, a véier Joer d'Weltmeeschterschaft zesumme mat Portugal a Spuenien ze organiséieren.