arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Affär Epstein: Representantenhaus stëmmt iwwer Verëffentlechung of

USA

|
headphones

1 min

Affär Epstein: Representantenhaus stëmmt iwwer Verëffentlechung of

Haut um Dënschdeg soll dat amerikanescht Representantenhaus doriwwer ofstëmmen, ob weider Dokumenter aus der Affär Epstein musse verëffentlecht ginn. Am Text gëtt de Justizminister opgefuerdert all Dokumenter a sengem Besëtz ëffentlech ze maachen.

headphones

1 min

En Demonstrant virum US-Kapitol zu Washington  | ©  EPA/WILL OLIVER
En Demonstrant virum US-Kapitol zu Washington (Foto: EPA/WILL OLIVER)

De Jeffrey Epstein war 2019 am Prisong gestuerwen, éier him wéinst Sexualdelikter konnt de Prozess gemaach ginn.

Den US-President Donald Trump hat sech laang géint eng Verëffentlechung gewiert, huet awer no Kritik aus eegene Reien um Méindeg iwwerraschend ugekënnegt eng Verëffentlechung ze ënnerstëtzen.

Nom Representantenhaus muss och de Senat nach gréng Luucht ginn. D’Dokumenter kéinten den Trump perséinlech belaaschten.

Larry Summers zitt sech zeréck

Dee fréieren amerikanesche Finanzminister ënner dem Bill Clinton, de Larry Summers, huet ugekënnegt sech komplett aus dem ëffentleche Liewen zeréckzezéien. Hie war och President vun der Uni Harvard.

E-Mailen, déi elo verëffentlecht goufen, hu gewisen, datt hien intensiv mam verstuerwenen Jeffrey Epstein kommunizéiert huet. Hien huet sech dobäi erofloossend géint Frae geäussert.

Dat géif hie bedaueren, hie wier schlecht berode gewiescht a géif perséinlech Konsequenzen zéien.