Radioen

On air

Mëttesrascht  |  

play_arrow Live
search

/ Affär Caritas: Blann Flecke bei der Justiz?

Commentaire

Affär Caritas: Blann Flecke bei der Justiz?

Firwat hält d'Justiz nach ëmmer un der Pist vun der "Fraude au Président" fest a kommunikéiert haaptsächlech an déi Richtung? Den 100,7-Chefredakter Jean-Claude Franck huet am Moiesstudio Erklärunge ginn.

auto_stories

4 min

headphones

6 min

Caritas | © Wikimedia Commons play_arrow

De Parquet huet de Mëttwoch an der Caritas-Enquête kommunizéiert. Dat zimmlech genee zwee Méint nom leschte Communiqué. An d'Justiz seet op en Neits, datt si beim Bedruch vun 61 Milliounen Euro d'Pist vun der fraude au Président privilegiéiert. Dat heescht, e Bedruch, bei deem Krimineller vu bausse sech als Direkter oder President ausginn, an den Uerder gi fir Suen an d'Ausland ze iwwerweisen. Eis Recherchë loossen awer nach ëmmer Froen opstoen. 

Am Laf vun der Enquête wiere bis ewell iwwer 8.200 Transactiounen identifizéiert ginn. Déi wieren a ganz kuerzen Ofstänn gemaach ginn, heescht et. D’Fro stellt sech awer natierlech weiderhin: Wéi konnten 61 Milliounen Euro einfach sou verschwannen?

Vill Froe bleiwen op

Et ass evident, datt vill Transaktioune musse gemaach ginn, fir datt dono kee méi déi Sue fënnt. Et ass och gewosst, datt d'Finanzdirektesch eng 125 Iwwerweisungen a Spuenie gemaach huet. An déi Sue ginn da virun - sou muss ee sech dat virstellen - a warscheinlech kleng opgedeelt Zommen. Eisen Informatiounen no sinn dës Zommen och deelweis an Asie gaangen.

Et ass also och keng Iwwerraschung, datt (op d’mannst) 8.200 Transaktioune gemaach goufen, fir eeben déi Sue verschwannen ze dinn, an d’Tracen ze vertuschen.

D’Fro bleift dann och nach ëmmer, ob d’Finanzdirektesch eleng gehandelt huet. Op den éischte Bléck gesäit alles no enger arnaque au Président aus. Et ginn Opträg vun enger falscher Mailadress, déi un d'Finanzdirektesch ginn, déi soen: “Mir hunn eng geheim Operatioun, du däerfs mat kengem driwwer schwätzen. Mir maachen déi Transaktiounen do iwwerwaacht.”

Et ass och gewosst, datt a Spuenien d'Bénéficiaire-économiquë vun de Konten net d'Finanzdirektesch ass, mee datt dat international Identitéite sinn. Also och dat deit alles op eng arnaque au Président hin. Awer eebe just op den éischte Bléck.

Et kéint och sinn, datt d'Finanzdirektesch et eebe grad wëll esou ausgesi loossen, wéi eng klassesch arnaque au Président, an datt dat Ganzt just eng Täuschung ass. Et ass den eenzege Wee, wann ee sou Transaktioune mécht, fir iwwerhaapt erauszekommen aus der Affär, a just liicht bestrooft ze ginn. Well ganz fräigesprach kann ee warscheinlech guer net ginn, wann ee selwer awer déi Transaktioune gemaach huet.

Blann Flecke bei der Justiz?

Et ass natierlech verständlech, datt d’Enquête direkt déi doten Aspekter ënnert d’Lupp hëlt. Mir hunn och Indicen, datt op deem Volet vun der Enquête gutt geschafft ginn ass, well ganz séier am Ausland all Iwwerpréiwunge bei deene Banke gemaach gi sinn.

Mir wëssen effektiv, datt d'Enquête no bannen an d'Caritas era méi schwaach ass, wéi elo wat den internationale Finanzvolet ugeet. Et ginn do manner Iwwerpréiwungen an et si wéineg Leit gehéiert ginn. Si sinn och deelweis spéit gehéiert ginn an et ginn net vill Perquisitiounen.

Mir hunn duerch eis vill Gespréicher mat ville Leit och eng ganz Rei Elementer entdeckt, déi awer d'Fro bekräftegen, ob d'Enquête hei net blann Flecken huet. Natierlech sinn d'Instrumenter vun enger Justiz och anerer wéi déi vun enger Press. Ausserdeem kann d’Justiz och Saache wëssen, déi mir net wëssen.

Mee dat wat mir wëssen aus der Caritas ass, datt d'Finanzdirektesch eng aktiv Roll gespillt huet. Si huet fënnef Méint laang net a Fro gestallt, wat si do iwwerhaapt géif maachen. Dat ass eppes, wat ganz wéineg Leit kéinten novollzéien, wann een esou riseg Zomme wierklech permanent an a Spuenien iwwerweist.

Si wousst och, datt d'IBAN-Nummer an d'Titulairë vun de Konten a Spuenien net géifen iwwerdeene stëmmen. D’Enquête muss also weisen, ob si erageluecht gouf, oder ob et eng virgetäuschten arnaque au Président ass, wou si vläicht keng Komplizin vun internationale Krimineller ass, oder awer internationale Krimineller och Komplize vun hir.

Et ginn nach vill Pisten, déi opstinn. Dofir ass och net ze verstoen, firwat d'Justiz sech elo schonn nees esou kloer an hirer Kommunikatioun no baussen op eng Pist festleet. Dat heescht, wéi dat Ganzt wäert ausgoen, ass nach laang net kloer.

Lauschterenplay_arrow