Den Tëschefall war bei staarkem Niwwel ronn 37 Kilometer virun der Küst vun der Isle of Wight baussent brittesche Gewässer. Et gouf kee blesséiert. De brittesche Verteidegungsministère sot, hie géif den Tëschefall ënnersichen.
De brittesche Premier Keir Starmer huet am Moien Entwarnung ginn. Déi russesch Ekip hätt just probéiert, eng Kollisioun mam Segelschëff ze verhënneren.
Eréischt virun e puer Deeg hat déi brittesch Marinn e Pëtrolstanker am Ärmelkanal gestoppt, deen zur sougenannter russescher Schattenflotte soll gehéieren. Domat probéiert Russland d‘Sanktioune vun den Alliéierte vun der Ukrain ze ëmgoen.