Den Text gouf bei der éischter Visitt vun der Ursula von der Leyen als EU-Kommissiounspresidentin an Australien ënnerschriwwen. Béid Säite goufe sech och eens, hir militäresch Zesummenaarbecht ze verstäerken, an der EU méi Accès zu wichtege Buedemschätz an Australien ze ginn. Dorënner Lithium, dee fir Batterië vun Elektroautoen néideg ass.
D‘EU wëllt do méi onofhängeg vu China ginn.
De Fräihandelsaccord gëtt elo nach juristesch iwwerpréift. Dat dauert an der Reegel e puer Méint laang. Duerno muss d‘Ofkommes nach vum Europaparlament an dem australesche Parlament ratifizéiert ginn.