arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Abréch doheem: D'Police warnt nees viru renge Fiedem aus Pech

Police

|
reading time

1 min

Abréch doheem: D'Police warnt nees viru renge Fiedem aus Pech

D'Police warnt op en Neits virun Abréch bei deenen d'Täter ganz reng Fiedem aus Pech, déi ee bal net gesäit, am ënneschten Eck vun der Wunnengsdier festmaache fir ze kucken, ob een doheem ass.

reading time

1 min

Police Logo | © picture alliance / BeckerBredel
Police Logo (Foto: picture alliance / BeckerBredel)

Wann d'Fiedem duerchtrennt goufen, well d'Dir opgemaach gouf, ginn d‘Brigangen dovun aus, datt d'Leit doheem sinn. Wann net, gesi si dat als méiglechen Indice dofir, datt keen doheem ass, a briechen an.

Wien esou Pech-Fiedem un der Dier fënnt, soll direkt den 113 ruffen.