Radioen

On air

Notturno  |  Airship81 - Memento

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Eng Majoritéit vun de Bettenduerfer Bierger ass fir d'Weiderféiere vun de Sondéierungsgespréicher

Nordstadfusioun

Eng Majoritéit vun de Bettenduerfer Bierger ass fir d'Weiderféiere vun de Sondéierungsgespréicher

An der Gemeng Bettenduerf war de Sonndeg ee Referendum am Kontext vun enger méiglecher Nordstadfusioun. Eng Majoritéit vu 57,4 Prozent vun de Bierger:innen huet sech dofir ausgeschwat, datt de Gemengerot d'Sondéierungsgespréicher ofschléisst.

auto_stories

2 min

headphones

3 min

play_arrow

42,6 Prozent vun de Wieler:innen an der Gemeng Bettenduerf hunn "nee" gesot. Markant ass dann och, datt et vill Bierger:inne gëtt, déi net wiele gaange sinn. D'Abstentioun louch bei 370 Persounen, dat ass quasi ee Véierel vun der Wielerschaft.

De Gemengerot hat am September decidéiert, net méi um Fusiounsprozess wëllen deelzehuelen. An enger Ofstëmmung hate 7 Conseillere sech dogéint ausgeschwat an déi aner 4 waren dofir. Dorënner war de Buergermeeschter Patrick Mergen. Eng Biergerinitiativ hat duerno bal 600 Ënnerschrëfte gesammelt, fir datt et zum Referendum vun e Sonndeg konnt kommen.

D'Dominique Steiner vun der Biergerinitiativ ass zefridden, hir geet et virun allem dorëm de Fusiounsprozess relancéiert ze hunn.

"Ech si ganz frou haut. Éischtens, well dee Referendum stattfonnt huet. Dat war eis immens wichteg, datt d'Bierger sech kéinte prononcéieren. Dat war eist Haaptuleies. Dat heescht, dofir si mir scho frou. A mir sinn och frou, datt elo ee Jo, e relativ däitleche Jo awer erauskomm ass."

Referendum just consultativ, Gemengerot diskutéiert e Mëttwoch iwwer Resultat

De Buergermeeschter vu Bettenduerf Patrick Mergen ass fir d'Weiderféiere vu Gespréicher ëm d'Nordstadfusioun, mee de Referendum ass net verbindlech an et hänkt vun deenen aneren am Gemengerot of, wéi et elo virugeet an ob de Wëlle vun de Leit respektéiert gëtt.

De Mëttwoch ass an där nächster Gemengerotssitzung eng Diskussioun doriwwer. Um Bord vun deem Referendum gouf dovunner geschwat, datt déi déi géint d'Fusioun sinn, eventuell kënnen d'Fro vum Referendum opwerfen, well d'Fro eventuell net kloer genuch gewiescht wier.

Duerch dee Referendum wier d'Gemeng Bettenduerf elo méi staark fir an d'Verhandlunge kënnen ze goen, dovunner ass de Patrick Mergen iwwerzeegt.

Ee vun de Knackpunkten an den Negociatiounen ass fir d'Gemeng nach ëmmer, datt een de Statut vun engem CDA kritt, dem Centre de développement et d'attraction. Bis elo krut d'Gemeng dat refuséiert.

D'Carole Schimmer mat Impressioune vu Bettenduerf

Lauschterenplay_arrow

Lauschterenplay_arrow