Dem Mënsch seng Entwécklung ass déif mat sengem Ëmfeld liéiert, an d’Bëscher hu säit Joerdausenden dat Ëmfeld ausgemaach. Sou wieren eist Gehier, eis Sënner an eis Kierpere fir d’Liewen an der Natur adaptéiert, seet d’Julie Schadeck. Dee Kontakt mat der Natur géif dobäi hëllefen, Stress ofzebauen, an déi mental Gesondheet fleegen.
Eng Reduktioun vun den Ängscht, d'Regulatioun vum Bluttdrock an och eng Aktivatioun vun Anti-Kriibszelle wieren alles méiglech Atouten.
D’ASBL UNature baséiert sech bei deenen Aussoen op hir Datebanke vu 5.500 verschiddenen Etüden, déi de positiven Impakt vun der Natur op de Mënsch beleeë sollen, sief et physesch oder psychesch. Déi Etüde géifen dobäi hëllefen, ee gréissert Bewosstsinn fir déi positiv Effekter ze generéieren, erkläert d’Julie Schadeck.
"Mir sinn alleguerte schonn eng Kéier an de Bësch gaangen, a mir mierke schnell, dass et eis besser geet, dass souwuel de physesche Stress, de mentale Stress erofgeet. Mir si vläicht duerno méi fei mat de Leit, wa mir rauskommen."
Zwou Stonnen Natur d’Woch hëllefen
D’Leit hätten ëmmer manner Zäit am Dag, fir an de Bësch spadséieren ze goen. Do spillt déi ëmmer méi gefrote Produktivitéit an der Gesellschaft eng staark Roll, mengt d’Direktesch vu UNature. Et wier awer trotzdeem méiglech, sech e puer Momenter wärend der Woch ze huelen, fir vun der Natur ze profitéieren.
Aus den Etüde géif erausgoen, datt zwou Stonne Bësch an der Woch scho genuch sinn, fir déi positiv Effekter vun der Natur ze spieren. Déi Stonne misst een och net an enger Kéier eranhuelen, mee et kéint ee sech d’Zäit duerch d’Woch duerch opdeelen, erkläert d’Julie Schadeck.
Een Dag kéinten et 20 Minutten an der Natur sinn, an dann e Weekend, wou een an der Reegel méi Zäit hätt, da villäicht eng Stonn am Bësch spadséieren.
Fir Leit, déi net no genuch beim Bësch liewen, sinn de Park an d’Séie gutt Alternativen. Do géing et zwar un der Mass u Beem feelen, där een am Bësch begéint, hëllefe géif et awer op jidder Fall och. Eleng d’Gefill ze hunn, an der Natur ze sinn, géif en Impakt op déi physesch a déi mental Gesondheet vum Mënsch hunn.
Workshops an der Natur
Eng weider Strategie wier et, d’Natur an d’Wunneng oder mat op d’Aarbecht ze huelen. Sou kënnen och Hausplanzen d’Sënner vum Mënsch positiv stimuléieren. Och visuell Elementer wéi Fotoen, kéinten d’Effekter vun der Natur simuléieren an déi mental Gesondheet fuerderen.
Dat alles kéint d’Effekter vum Bësch awer net ersetzen, well am Bësch géifen all d’Sënner vum Mënsch stimuléiert ginn. D’ASBL bitt dowéinst och Workshops vu jeeweils 3 Stonnen un, an deene mat de Sënner vun de Participante geschafft gëtt. Sou kënnt et zu Aktivitéiten, wéi buerféiss op de Wisen ze lafen, oder dem Riche vu Buedem. Alles op Basis vu wëssenschaftlechen Erkenntnisser.
Natur als präventiivt Mëttel
An zwou Woche fënnt och eng Konferenz an der Luxexpo statt, déi fir méi Bewosstsi fir déi positiv Effekter vun der Natur suerge wëll. Nieft ville Wëssenschaftler wäerten och d’Gesondheetsministesch an den Ëmweltminister present sinn.
D’Direktesch vun UNature wënscht sech, datt déi verschidde positiv Elementer vun der Natur op de Mënsch iergendwann vum Gesondheetssecteur matgeholl ginn. Eise Gesondheetssystem géif méi op d’Heele vu Krankheete setzen, wéi op Präventioun vu Krankheeten, an et wier un der Zäit do ëmzedenken, seet d’Julie Schadeck.
Sou wier et e gudde Schrëtt, wann d’Dokteren zu Lëtzebuerg de Leit Zäit an der Natur verschreiwe géingen. Dat wier an England, Neiséiland an a Japan schonn eng Praxis, déi ugewant gëtt.