Dat neit europäescht KI-Reglement soll Grondrechter a Bezuch op den Dateschutz an d'Biergerrechter am Ëmgang mat der Kënschtlecher Intelligenz schützen. Gläichzäiteg soll déi technesch Innovatioun am Beräich vun der Kënschtlecher Intelligenz weiderhi garantéiert bleiwen. De sougenannten AI-Akt stellt de weltwäit éischte legale Kader a Bezuch op Kënschtlech Intelligenz duer.
Interaktioune kloer kennzeechnen
D'Justizministesch Elisabeth Margue hat den 23. Dezember e Gesetzesprojet agereecht fir dëst europäescht KI-Reglement zu Lëtzebuerg ëmzesetzen. Doraus geet ervir, datt d'Dateschutzkommissioun CNPD hei am Land déi haaptverantwortlech Autoritéit fir d'Anhale vum KI-Reglement gëtt.
Wéi eng Aufgabe genee op d'CNPD duerkommen, erkläert de Kommissär fir d'Protection des données bei der CNPD Alain Herrmann.
"Als Autorité de surveillance du marché do musse mir nopréiwen, wat gemaach gëtt mat IA, a besonnesch IA, déi een héije Risiko huet. Do musse mir kontrolléieren, ob déi konform si mam Gesetz an och mam Dateschutzgesetz."
D'KI-Reglement reegelt just d'Kënschtlech Intelligenz, déi mam Mënsch interagéiert, esou den Dateschutz-Kommissär. Gemengt si Formater wéi Chatbots, wéi et se ënner anerem op online Verkafsplattformen oder Versécherungsitte ginn a wou onkloer kéint sinn, ob ee mat engem Mënsch oder engem Algorithmus interagéiert. Et géif een tëschent dräi Niveaue vu Kënschtlecher Intelligenz ënnerscheeden.
"Wann eng Interaktioun do ass mat de Mënschen, mussen déi Mënsche wëssen, datt si mat enger AI interagéieren. A wann et eng Héich-Risiko-AI ass, do mussen dann déi Firmen, déi dat entwéckelen oder benotze wëllen, déi hunn da vill méi Dispositiounen ze respektéieren."
D'CNPD wäert am Kader vum europäesche KI-Reglement Coordinateur an eenzege Kontaktpunkt um nationalen Terrain sinn, esou den Alain Herrmann. Sektoriell wäerte weider Autoritéite fir d'Reglementatioun vun der Kënschtlecher Intelligenz zoustänneg sinn.
Wann d'KI zum Beispill am Kader vun Investitiounsfonge genotzt wäert ginn, da wäert d'CSSF - d'Commission de surveillance du secteur financier - zoustänneg sinn, erkläert de Kommissär.
Kontroll a Vertrauen
D'CNPD soll ënner anerem Entreprisen hëllefen innovativ KI-Projeten ëmzesetzen. Dat a sougenannte Sandkëschten, wou Entreprisen hir KI-Systemer an engem gesécherten Ëmfeld teste kënnen. Dëst wier wichteg fir d'Innovatioun weiderhin ze garantéieren, esou den Alain Herrmann.
"Dat ass ee Kapitel am AI-Akt, deen huet mat Support an Innovatioun ze dinn, an dofir musse mir e Kader opbauen, deen et erlaabt, mat Projeten oder Firmen, déi Projeten hu mat Kënstlecher Intelligenz, net zesummenzeschaffen, mee deenen ze hëllefen, datt hiert Produkt konform ass, dat si op de Marché setzen."
Den 2. Februar wäert als ee vun den éischte Schrëtt vum Reglement gewësse vun der EU als net konform deklaréiert KIe gespaart ginn, esou den Alain Herrmann. Duerch d'KI-Reglement hätt den eenzele Konsument doduerch "eng bestëmmte Sécherheet", datt d'IA, déi um Marché ass, och kontrolléiert ass, esou den Alain Herrmann.
D'Implementatioun vum europäesche KI-Reglement leeft op zwee Joer. Am August 2025 an 2026 solle weider Reglementatioun vum Akt a Kraaft trieden. Lëtzebuerg a Malta si bis elo déi eenzeg EU-Memberlänner, déi schonn e Gesetzesprojet agereecht hunn.