Dobäi hat den Tom Weidig um Ufank vu senger Interventioun fonnt, dass dëse Sujet eng vun de wichtegste wirtschaftleche Froe vun eiser Zäit behandele géif.
Et géif sech nämlech d’Fro stellen, ob een dem Verbraucher virschreiwe sollt, wat dee benotzen dierft. D’ADR, sou hiren Deputéierten, géif méi Technologieoppenheet fuerderen, sou wéi dat ënnert anerem an Däitschland an Italien de Fall ass.
“Dir gesitt also, dass sech de Wand gedréint huet an dass Realismus a Pragmatismus ëmmer méi Iwwerhand huelen am Ausland. Mir sinn net géint de E-Auto, mä fir déi bescht Technologie, déi sech duerchsetze wäert.”
Lëtzebuerg dierft sech op deem Gebitt net politesch isoléieren, huet den Tom Weidig nach gemengt.
"Geet der ADR just ëm Polemik"
Et géif der ADR just ëm Polemik goen, sot dogéint d’Joëlle Welfring vun Déi gréng. En Zouloossungsverbuet fir Verbrennermotore géif et net ginn, a wann et sou wär, da géif dat och net abrupt geschéien, mä bis 2035. D’viregt Ëmweltministesch constatéiert hirersäits, dass en Elektroauto beim Verbrauch méi bëlleg ass.
"Eng rezent Ëmfro vum Magasinn Auto Plus, och kee Blietche vum Mouvement écologique - bei 4.000 Elektroauto-Besëtzer ass eng Ëmfro gemaach ginn -, kënnt zu engem Zefriddenheetsgrad vun iwwer 87% an dass déi allermeescht Leit net méi wéilten zréck bei de Verbrenner, well e méi bëlleg ass."
D’ADR sollt dofir ophalen, fir vun Technologieoppenheet ze schwätzen, a besser domat ophéieren, Zitat, “en doudegt Päerd ze reiden”, sou d’Joëlle Welfring.