Radioen

On air

Notturno  |  Badge Époque Ensemble - Sing A Silent Gospel Feat. U.S. Girls

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ ADR: D'Regierung huet net den néidege Courage

Presseiessen

ADR: D'Regierung huet net den néidege Courage

Der Regierung feelt et u Courage. Dee Bilan zitt d’ADR um traditionelle Presseiessen um Enn vum Chamberjoer. Déi nei Regierung géif net weisen, datt si wëlles hätt eppes ze änneren, sou den aktuelle Fraktiounschef Fred Keup. Och déi aner Oppositiounsparteie goufe kritiséiert. 

auto_stories

1 min

ADR Iessen | © Michelle Barthel
Foto: Michelle Barthel

Déi aktuell Regierung géif genau sou weiderfuere wéi d'"Gambiakoalitioun" déi Jore virdrun. Ursaach dofir wier de Manktem u Courage, fënnt de Fred Keup. 

"An da reege sech jo och déi gréng an d'LSAP op a soen: Mee Dir maacht dat, wat mir virbereet hunn. Stëmmen awer am Endeffekt da géint si."

Lauschteren

Näischt wat déi aner Oppositiounsparteien nach vuneneen ënnerscheet

D'Regierung géif d'Regierungsaarbecht viru fueren, déi an de leschten 10 Joer gemaach gi wier.

Iwwerdeems kritiséiert den ADR-Fraktiounschef och d’Oppositiounsparteien déi gréng, d’LSAP, d’Piraten an déi Lénk. Et géif näischt gi wat déi Parteien nach vunenee géif ënnerscheeden an zitt de Verglach mat där aktueller Situatioun am Frankräich: Et wier eng nei Volleksfront, sou de Fred Keup.