arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ ACEL kritiséiert Héichschoulministesch, et géif keen Dialog ginn

Studentencerclen

|
headphones

1 min

ACEL kritiséiert Héichschoulministesch, et géif keen Dialog ginn

D'Associatioun vun de Studentecerclen, d'ACEL, spuert net mat Kritik un der Héichschoulministesch Stéphanie Obertin, et géif keen Dialog méi ginn. No enger Entrevue am September wier kloer ginn, datt de Ministère sech net op e konstruktiivt Gespréich géif aloossen, esou d'ACEL an engem Communiqué.

headphones

1 min

Hannergrond ass d'Organisatioun vun der Studentefoire.

De Ministère hält dobäi um Site vun der Uni um Belval fest, d'Studenten an d'Studentinnen halen déi Plaz awer fir net gëeegent. Parallel war et d‘Kritik, datt d'Cerclen net genuch an d'Organisatioun vun der Foire géife mat agebonne ginn.