Radioen

On air

Concert  |  

play_arrow Live
search

/ D'ABBL verlaangt reglementaresch Vereinfachunge fir d'Banke beim Verléine vu Suen

Finanzen

D'ABBL verlaangt reglementaresch Vereinfachunge fir d'Banke beim Verléine vu Suen

An den nächste Jore wäert massiv mussen investéiert ginn an Europa. Dat an d'Digitaliséierung oder an d'Energietransitioun. An da wëllen d'Regierunge jo och hir Militärdepensë massiv eropschrauwen. Dat alles kéint net just iwwer d'Bankkreditter finanzéiert ginn, seet d'Bankenassociatioun ABBL. 

auto_stories

2 min

headphones

4 min

play_arrow

D'Banke géifen un d'Limitte stoussen, op jidde Fall am aktuelle Kader vun de Reegelen, déi hinnen imposéiert ginn. De Camille Seilliès vun der ABBL gesäit zwou Schrauwen, un deenen ee kann dréien, fir d'Capacitéit vun de Banken, fir méi Geld ze verléinen, ze vergréisseren.

"La première est la simplification réglementaire. La complexité réglementaire représente un facteur de coût significatif pour les banques européennes. Simplifier la réglementation permettrait d’accroître leur rentabilité et, par conséquent, leur capacité à accorder de nouveaux crédits."

Déi zweet Propos wier déi, d'Titrisatioun op europäeschem Niveau nach weider auszebauen.

"C'est une technique qui permettrait de libérer des capacités de financement additionnelles au niveau des banques européennes en leur permettant de renouveler leur portefeuille de crédit."

Flashback 2008?

Mee déi faméis Titrisatioun, ass dat net dat Instrument, dat de Finanzsecteur 2008 mat faulen Immobiliekreditter an d'Katastroph geféiert huet? Jo, seet de Camille Seilliès. Mee et kéim drop un, eng gewëss "finanziell Eethik" bäizebehalen.  

"Ce qui importe, c'est la qualité des actifs que l'on met dans un véhicule de titrisation. Le constat qu'on peut faire, c'est qu'en 2008, on avait dans des structures de titrisation des prêts immobiliers qui étaient accordés à des personnes qui avaient des capacités de remboursement extrêmement limitées, sinon inexistantes. Donc tout est question de garde-fous et également du respect d'une certaine éthique financière."

Et sollt een d'Instrument vun der Titrisatioun also net verdäiwelen, just well et virun iwwer 15 Joer net mat deem néidege Seriö gehandhaabt gouf, seet d'ABBL. An awer gëtt een de Verdacht net lass, datt d'Bankewelt vun der aktueller Situatioun, wou d'Finanzéierungsbesoinen héich sinn, profitéiere wëllt fir Drock ze maachen. Drock, datt d'Reegelen, deenen d'Banken ënnerleien, nees opgeweecht ginn. Dat léisst de Camille Seilliès vum Bankeverband awer esou net gëllen.

"Simplification réglementaire ne veut pas dire dérèglementation. Donc il y a un point d'équilibre à trouver entre une meilleure efficience du cadre réglementaire, et nous estimons effectivement qu'il y ait une marge de progression, et les impératifs de stabilité financière, de protection des investisseurs et plus largement de sécurité des circuits financiers."

De Generalsekretär vun der ABBL trëtt also mat exakt deene Fuerderungen un d'Politik erun, déi och de Premier Luc Frieden virum EU-Sommet d'lescht Woch u seng Kolleegen a Regierungscheffe geriicht hat. Dat an engem Artikel an der Financial Times. 

Lauschterenplay_arrow