Ënner de verëffentlechten Dokumenter sinn E-Maile vun engem gewëssenen "A" vu "Balmoral". enger Residenz vum brittesche Kinnekshaus. An engem vun deene Maile freet den "A" dem Epstein seng Associée Ghislaine Maxwell, ob si nach onpassend Frënn oder Frëndinne fir hie fonnt hätt.
Dës E-Maile beweise kee Feelverhalen.
Adelstitel oferkannt kritt
Den Andrew krut an der Suite vun de Revelatiounen iwwer seng Liene mam Jeffrey Epstein all seng kinneklech Titelen oferkannt.
Rezent hat säi Brudder, de Kinnek Charles, och decidéiert, datt den Andrew aus senger Residenz zu London plënnere misst. De fréiere Prënz huet an der Vergaangenheet all Beschëllegunge géint hien an der Epstein-Affär dementéiert.