arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ A Russland inhaftéierte franséische Chercheur kéint geschwë fräikommen

Laurent Vinatier

|
headphones

2 min

headphones

2 min

play_arrow

A Russland inhaftéierte franséische Chercheur kéint geschwë fräikommen

Zënter 18 Méint ass de franséische Chercheur Laurent Vinatier a Russland inhaftéiert. Elo awer kéint hie séier fräi kommen. Wéi de Kreml annoncéiert huet, hätt ee Frankräich en Deal proposéiert fir eng eventuell Liberatioun vum Vinatier. 

headphones

2 min

headphones

2 min

play_arrow
© EPA/MAXIM SHIPENKOV
(Foto: EPA/MAXIM SHIPENKOV)

Bei enger Pressekonferenz hat de russesche President Wladimir Putin lescht Woch annoncéiert, sech mam Fall Vinatier ze beschäftegen. Gëschter op Chrëschtdag huet de Kreml confirméiert, datt ee Frankräich een Deal proposéiert huet fir eng Fräiloossung vum Vinatier.

Elo wier et u Frankräich ze reagéieren.

Virsiichtegen Optimismus

Fir d’Famill vum Chercheur sinn et erliichterend Nouvellen, och wann een nach virsichteg optimistesch bleift. Seng Mamm sot France Television géigeniwwer, et hätt een elo eng éischter Kéier Hoffnung. 

Déi franséisch Autoritéiten halen sech nach bedeckt: et gi keng Detailer wéi den Deal kéint ausgesinn.

Den Elysée huet awer matgedeelt, datt de President Emmanuel Macron d’Affär ganz genee suivéiert an involvéiert ass, fir datt de Vinatier sou séier wéi méiglech nees fräikënnt.

Uklo wéinst Spionage ass méiglech

De Chercheur, dee fir eng schwäizer ONG geschafft huet, gouf am Juni 2024 a Russland verhaft, well hien Informatiounen iwwer dat russescht Militär soll gesammelt hunn, ouni sech als auslänneschen Agent erkennbar ze maachen.

Hie gouf zu dräi Joer Prisong verurteelt, kéint awer nach wéinst Spionage ugeklot ginn. An deem Fall misst hie wuel däitlech méi laang an de Prisong.

Seng Arrestatioun koum e puer Méint no der Annonce vum Emmanuel Macron, datt een eventuell franséisch Zaldoten als Friddenstruppen an d’Ukrain géing schécken.

Zënter dem Ufank vum Krich an der Ukrain gouf et eng kloer Steigerung vun Arrestatiounen a Russland vu Staatsbierger aus Europa an Amerika.

play_arrow Lauschteren