D'Droge waren an 170 Päckelcher verdeelt. Offiziell sollten an der Liwwerung Miwwele fir eng belsch Firma dra sinn.
D‘Liwwerung war awer verdächteg: Et waren nämlech 12 Pallettë mat jeeweils 12 Kartongskëschten, déi a schwaarz Plastikfolie agewéckelt waren, heescht et nach am Communiqué. Am Scanner huet sech du rausgestallt, datt an de Këschte lauter Päckelcher dra waren.
D‘Droge goufe saiséiert, d‘Pallettë goufen awer ënner Surveillance un déi virgesinnen Adress an der Belsch geliwwert. Do huet sech rausgestallt, datt och d‘Belsch – grad ewéi Lëtzebuerg – just een Transitland ass.
Wou d‘Liwwerung duerno weidergaangen ass, seet d‘Justiz net, fir d‘Enquête net ze behënneren.