arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ 7 vun 10 Leit si fir eng Präishausse um Tubak

ILRES Etüd

|
headphones

1 min

7 vun 10 Leit si fir eng Präishausse um Tubak

D’Fondatioun Cancer publizéiert d’Resultater vun enger repräsentativer ILRES-Etüd zu der nationaler Strategie “Eng Generatioun ouni Tubak”. Deemno géife 77 Prozent vun der Bevëlkerung d’Strategie ënnerstëtzen a 64 Prozent fannen et dréngend néideg den Tubakkonsum ze reduzéieren.

headphones

1 min

© picture alliance / CHROMORANGE | Michael Bihlmayer
(Foto: picture alliance / CHROMORANGE | Michael Bihlmayer)

Virun zwee Joer gouf d’Strategie fir en “Tubakfräit Lëtzebuerg” verëffentlecht. Der Etüd vun der ILRES no géife 74 Prozent vun de Befroten eng Hausse vun den Tubakpräisser ënnerstëtzen. Dräi Véirel sinn der Meenung, datt eng däitlech Hausse néideg wier fir de Konsum ze reduzéieren, besonnesch bei jonke Mënschen.

Esouguer ënner de Fëmmerte fanne 55 Prozent eng Präishausse als sënnvoll. D’Resultater géife confirméieren, datt eng Tubaksteier een zentraalt Instrument fir déi ëffentlech Gesondheet wier, esou Fondatioun Cancer.

Mëttlerweil hu sech 18 Gemengen als “Commune sans tabac” engagéiert.

De Communiqué vu Fondation Cancer