Et wier eleng d‘Saach vun Dänemark a Grönland fir iwwer Saachen ze entscheeden, déi béid betreffen, heescht et an engem Schreiwes vu Frankräich, Däitschland, Italien, Polen, Spuenien, Groussbritannien an Dänemark.
Grönland géif sengem Vollek gehéieren, esou nach d‘Signatairen. Si betounen donieft ënner anerem déi grouss Bedeitung vun der Souveränitéit an der territorialer Integritéit, déi an der UN-Charta festgehale sinn.
Grönland ass eng autonom Regioun, déi zu Dänemark gehéiert.