D‘Federal Reserve huet gréisser intern Diskussiounen iwwer hir Zënspolitik. De FED-Chef Warsh, dee vum US-President Trump genannt gouf, huet gëschter vun engem seriöe Familljesträit geschwat.
D‘Analysten op de Bourssen hu bis elo majoritär domat gerechent, datt d‘Zënsen an den USA geschwë klammen, fir der Inflatioun de Kampf unzesoen.
No der Reunioun vu gëschter ginn et och ëmmer méi Analysten, déi keng Hausse méi viraussoen, esou d‘DPA de Moien. D‘Händler begréissen am Prinzip niddereg Zënsen, well dat den Invest fërdert. Mee aktuell gëtt gefaart, datt d‘Inflatioun an den USA ze staark klamme kéint.