Ënner den Affer sinn ee Mann vun 59 Joer, eng Fra vu 60, eng jonk Fra vun 20, an e Jugendleche vu 16 Joer. Et sollen d’Elteren, hire Bouf a Bekannte vum Bouf sinn, heescht et. Zwou weider Persoune goufe blesséiert, entre-temps ass eng vu béiden un hire Verletzunge gestuerwen.
De Brand war an engem Haus mat dräi Stäck, mat engem Geschäft um Rez-de-Chaussée. Ronn 70 Pompjeeë waren am Asaz. Si konnte verhënneren, datt d’Feier op déi Haiser niewendrun iwwergeet.