arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ 470 Leit bei Amazon entlooss: Gewerkschafte schwätze vu "Gier vum Onlinehändler"

Aarbecht

|
headphones

1 min

470 Leit bei Amazon entlooss: Gewerkschafte schwätze vu "Gier vum Onlinehändler"

D‘Gewerkschaften OGBL an LCGB fuerderen an engem Communiqué ee Plan de maintien dans l‘emploi bei Amazon. 470 Leit, also 10 Prozent vun de Mataarbechter:inne bei Amazon zu Lëtzebuerg, wäerten hir Aarbechtsplaz verléieren.

headphones

1 min

Déi Zuel war ëmmer nees genannt ginn. D‘Personaldelegatioun hätt se d‘leschte Freideg, no der Entrevue mam Aarbechtsminister Georges Mischo, offiziell confirméiert kritt, heescht et am Schreiwes. 

Fir d‘Gewerkschafte géif et bei den Entloossungen net ëm déi vun Amazon genannte KI-Strategie goen, mee vill méi ëm Zitat „d‘Gier vum Online-Händler“.

Ëmmerhin hätt Amazon d‘lescht Joer nach e Rekordbenefice vun 332 Milliarden Dollar gemaach, schreiwen d‘Gewerkschaften an hirem Communiqué.