Dës Informatioune ginn aus der gemeinsamer Äntwert vun den zoustännege Minister op eng parlamentaresch Fro zum Thema vun Déi Lénk ervir.
Grond dofir wier, datt den Täter an deene meeschte Fäll net bekannt ass an aus dem Ausland agéiert. Dobäi kéim, datt den Auteur d‘elektronesch Beweiser zerstéiert hätt a se deemno net méi zeréck ze tracéiere wieren. Dacks wieren et jonk Männer, déi ënnert anerem iwwer sozial Medien Affer vun esou Bedruch géife ginn, esou d‘Minister.
De Kanner a Jugend-Telefon hätt dann déi lescht Joren och eng Hausse vun de Fäll vu "sextorsion“ gesinn, also vun Erpressung duerch Biller oder Videoe mat sexuellem Charakter vum Affer.