Quasi eestëmmeg war dat franséischt Parlament hënt géint de Projet vun engem Statsbudget fir d’nächst Joer. De Senat zu Paräis soll sech dann d’nächst Woch domat befaassen.
Eleng fir de Volet Recettë goufen et 404 Neen- a just eng Jo-Stëmm, soudatt d’Deputéiert mol net un de Volet Depensë koumen.
D’Lénksparteien an de Rassemblement national hunn dogéint gestëmmt, an d’Majoritéitsparteien entweder dogéint oder si hu sech enthalen.