search

/ 40 Dokteschcabinete vu Cyberattack betraff: Keng Date vu Patiente goufe geleaked

BMS Engineering

|
reading time

1 min

40 Dokteschcabinete vu Cyberattack betraff: Keng Date vu Patiente goufe geleaked

BMS Engineering huet weider Detailer iwwer d‘Cyberattack am August ginn, bei där jo de Gesondheetssecteur a virun allem Dokteschcabinete betraff waren. Wéi d‘Softwarefirma matdeelt, wier, no Ënnersichungen, festgestallt ginn, datt et keng Dateleaks goufen.

reading time

1 min

© picture alliance / Westend61 | Andrew Brookes
(Foto: picture alliance / Westend61 | Andrew Brookes)

Extern Cybersécherheetsexperten, d'Police an de CNPD hätten déi Ënnersichunge gemaach. 

Et wieren iwwerdeems keng 80 Dokteschcabinete betraff gewiescht, wéi et am Ufank geheescht huet, mee 40. An Tëschenzäit wieren all d'Servicer vu BMS nees disponibel an d'Sécherheetsmesurë wieren zousätzlech verstäerkt ginn.