Bal 8.000 Umeldungen wiere lo de Moien kuerz no 9 Auer scho confirméiert. Eng 1.200 mussen nach hir Umeldung verifizéieren.
De Programm wäert grad emol 8 Stonnen daueren, erkläert de Generalvikar Patrick Muller. Hien ass mat un der Organisatioun vun der Visitt de 26. September bedeelegt.
Géint 10 Auer wäert de Poopst François viraussiichtlech landen. Géint 11 ass eng net-ëffentlech Entrevue mam Grand-Duc, mat der Grande-Duchesse a mam Premier geplangt. Duerno geet et weider mat enger Ried un d’ganzt Land.
"Dat ass déi grouss éischt Ried, e Message un déi ganz Populatioun hei. Dat ass den Highlight vum Moien. An dann an der Kathedral wäert hien eng zweet Ried halen, déi sech un déi kathoulesch Communautéit riicht.“
Dobäi wier dat net mat enger klassescher Mass ze vergläichen, betount de Patrick Muller. "Dem Poopst läit eppes drun e Kontakt mat der lokaler Bevëlkerung ze kréien."
Sécherheetskontrolle scho 4 Stonne virdrun
Fir dësen Deel géint hallwer 5 mëttes sinn eng 650 Plazen an der Kathedral an am Zelt virun der Kathedral disponibel. D'Leit kënne sech nach bis muer (Donneschdeg) 5 Auer umellen. Duerno gëtt ausgeloust. Déi Leit, déi derbäi kënne sinn, musse sech op en ustrengende Prozess preparéieren, esou de Patrick Muller.
"Et kann een net zu Fouss einfach an d'Kathedral goen. Et muss ee sech beim Neien Theater um Glacis kontrolléiere loossen. Do ass e Sécherheetscheck. An do geet ee mam Billet eran ... an do ass e Metalldetekter, et soll ee keng Rucksäck oder Prabbelie mathuelen, soss muss een déi do am Vestiaire ofginn. An dat fänkt schonn um hallwer 1 un.“
Duerno gëtt ee mat Busser vun der Stad Lëtzebuerg an d'Kathedral geféiert. An da muss een eventuell scho vun 3 Auer u bis hallwer 5 waarden. Mat engem Virprogramm. Fir Waasser a Snacks wier gesuergt, esou de Patrick Muller.
Public Viewing a Live Iwwerdroung
Fir déi Leit, déi keng Plaz an der Kathedral kruten, gëtt et d'Méiglechkeet, d'Evenement op der Televisioun oder via Public Viewing op Plazen an der Stad Lëtzebuerg ze verfollegen, verséchert de Patrick Muller.
"Et kann een och an d'Stad kommen an de Poopst gesinn, wann hien en Tour mam Papamobil duerch d’Stad wäert maachen.“
Allerdéngs wier den Itineraire vum Tour, dee virum Poopst senger Ried an der Kathedral stattfënnt, nach net bekannt, betount de Generalvikar. Et ass dem 88 Joer ale Chef vun der kathoulescher Kierch seng 45. Auslandsvisitt.