Radioen

On air

Notturno  |  Eric Chenaux Trio - This Ain't Life

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ 3.500 oppe Vollzäitposte beim Staat 

Aarbechtsmarché

3.500 oppe Vollzäitposte beim Staat 

Beim Staat sti fir dëst Joer ronn 3.500 Vollzäitposten op, dovunner ronn 2.000 nei geschafe Posten an 1.500 Remplacementsposten. Dat geet aus der Äntwert vum zoustännege Minister Serge Wilmes op eng parlamentaresch Fro vun der Piratepartei ervir.

auto_stories

1 min

Sou wéi de ganzen Aarbechtsmarché, wier och de Staat vun enger Penurie vu qualifizéierten Aarbechtskräfte massiv betraff. Besonnesch schwiereg wär et fir qualifizéiert Leit ze rekrutéieren a Beräicher wou et vill Konkurrenz gëtt. De Minister nennt do Informatiker, Juristen, Enseignanten, Educateuren an Ingenieuren.