Haut virun 30 Joer koum et zum Genozid vu Srebrenica un 8.000 muslimesche Bosnier vun der Arméi vun der Republika Srpska. De Vëlkermord vu Srebrenica gëllt bis haut als dat gréisst Krichsverbriechen an Europa zënter dem Zweete Weltkrich.
Den Zerfall vu Jugoslawien
Uganks dem 1990er Joren huet den Zerfall vu Jugoslawien ugefaang. Dobäi hu Slowenien, Kroatien, dat haitegt Nordmazedonien a 1992 Bosnien an Herzegowina hir Onofhängegkeet deklaréiert. Serbie par contre ass zesumme mat Montenegro am jugoslawesche Staat bliwwen. D'Serben hu probéiert. d'Onofhängegkeetsbeweegunge militäresch ze ënnerdrécken, well si gefaart hunn, an deenen neie Staaten zur Minoritéit ze ginn. 1992 ass d'Situatioun dunn eskaléiert.
Besonnesch a Bosnie war d'Situatioun heikel, well do bosnesch Kroaten, bosnesch Serben a moslemesch Bosnier, déi sougenannt Bosniaken, zesummegelieft hunn, an aner Usiichten hate wéi d'Land sollt fortbestoen.
An engem Referendum am Fréijoer 1992, un deem déi bosnesch Serben net deelgeholl hunn, gouf et e klore 'Jo' zur Onofhängegkeet vu Bosnien. Schonn am Januar haten déi bosnesch Serben hir eegen Deelrepublik, d'Republika Srpska, am Norde vu Bosnien ausgeruff.
Den Ufank vum Biergerkrich
De Jo zur Onofhängegkeet huet e Biergerkrich ausgeléist, bei deem déi aus Belgrad ënnerstëtze bosnesch-serbesch Truppe séier zwee Drëttel vu Bosnien ageholl haten. Vill Leit goufen doropshi verdriwwen a besonnesch Srebrenica am Oste vum Land gouf zu enger Ulafstell fir vill bosniakesch Flüchtlingen. UN-Truppen aus Holland sollten do fir Sécherheet suergen.
Den 11. Juli 1995 hunn déi serbesch-bosnesch Truppe Srebrenica ageholl. 25.000 Leit hu versicht an enger UN-Militärbasis no bäi Schutz ze fannen. Iessen an Drénke gouf knapp, wouropshi sech méi wéi 10.000 Männer decidéiert hunn, duerch d'Bëscher a bosniakesch Gebidder ze flüchten.
Déi hollännesch UN-Truppen
D'Truppe vun der Republika Srpska hunn op der Plaz d'Fraen an d'Kanner vun de Männer, déi iwwereg bliwwe waren, getrennt. Wärend d'Fraen an d'Kanner mat Busse bei bosniakesch Gebidder transportéiert gi sinn, goufen d'Männer op verschiddene Plazen higeriicht. Déi hollännesch Truppen hu laut dem Internationale Strofgeriichtshaff just dobäi nogekuckt, wéi bosniakesch Männer a Camionen oftransportéiert goufen. Dat och well hiren Optrag net kloer definéiert war.
Och d'Männer an de Bëscher goufen ënner Beschoss geholl an deelweis gefaange geholl, higeriicht a vergruewen.
Joren nom Massaker goufe Massegriewer ausgehuewen a Läiche verdeelt, fir de Genozid ze verschleieren. Am November 2024 huet de bosnesch-serbesche Generol Radislav Krstic sech ëffentlech zum Vëlkermord bekannt.
Um Lampertsbierg gouf viru kuerzem e Gedenksteen opgeriicht fir den iwwer 8.000 Affer vu Srebrenica ze gedenken.