Radioen

On air

Kultur um 5  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Et vous devez savoir ce qui risque d’arriver! Et vous pouvez l’empêcher!"

Jozef Sznajer

"Et vous devez savoir ce qui risque d’arriver! Et vous pouvez l’empêcher!"

D’Weidergi vun der Mémoire vum Holocaust: Dat war d’Zil vun enger Conférence-témoignage, op déi de Staatsministère an d’Vertriedung vun der EU-Kommissioun zu Lëtzebuerg e Freiden an den Hémicycel um Kierchbierg invitéiert haten. D’Konferenz mam Titel “Souvenirs d’un survivant” gouf gehale vum Jozef, genannt Isi Sznajer, deen als klenge Bouf de Ghetto vu Warschau iwwerlieft huet.

auto_stories

3 min

Den Holocaust-Iwwerliewende Jozef Sznajer | © Eric Ewald
Den Holocaust-Iwwerliewende Jozef Sznajer (Foto: Eric Ewald)

De Virtrag vum 88 Joer ale Mann aus der Belsch war geduecht fir Lycéesschüler. Iwwer 100 vun hinne waren do, fir dem Fils vun engem Industriellen a vun der éischter polnescher Affekotin nozelauschteren. A si ware vun der Geschicht vum Holocaust-Iwwerliewende beweegt.

Sou wéi d’Mathilde aus enger 2ième am Stater Kolléisch. Et géif een an der Geschicht grad den Zweete Weltkrich duerchhuelen, sou déi jonk Fra. Et wier awer eppes anescht, dat mat engem richtege Beispill verbannen ze kënnen. Si huet sech dem Jozef Sznajer seng Geschicht bildlech virgestallt.

"Ech mengen, dat, wat mech am meeschte markéiert huet, ass, mengen ech, d’Perspektiv vum Kand an där Situatioun. Hie war awer ganz conscient vu wat grad geschitt ass."

Zu Warschau vun den Nazien encercléiert

De Jozef Sznajer, Joergank 1937, koum, wéi hie sot, “zur falscher Zäit op der falscher Plaz op d’Welt”. Europa wier haut nees a Gefor, an d’Jugend, d’Zukunft vum ale Kontinent, hätt virun deem Hannergrond eng enorm Responsabilitéit.

"Et vous devez savoir ce qui risque d’arriver! Et vous pouvez l’empêcher!"

Wéi hien 3 Joer hat, gouf seng Heemechtsstad Warschau vun den Nazien encercléiert.

"Et moi, petit garçon qui ne voulait rien de mal à personne, porté dans l’escalier par ma mère, mon père avait saisi ma soeur, et tout le monde fonçait vers les caves, en hurlant et en pleurant et en gémissant."

Kuerz dono hätt hie futtiiss Haiser an Doudeger op de Stroosse gesinn

"Et donc, à 3 ans, j’ai compris la mort. Et à 3 ans, mon enfance s’est arrêtée."

Déi jonk hunn de Jozef Sznajer gefrot, ob hien heiansdo schlecht iwwer déi Zäit dreemt. Dat hätt hien effektiv, jorelaang.

"Et c’était toujours le même cauchemar: Je courais, et derrière, j’étais poursuivi par un nazi. Et je tombais, et à côté de moi, par terre, je voyais ses bottes en cuir. Et ça me réveillait."

D'Liewen am Ghetto an d'Verstoppen

Als klenge Béifchen hätt hien op eemol net méi op seng gewinnte Spillplaz kënne goen, well Hënn a Judden do net hin duerften. Donieft hunn d’Nazien eng Mauer gebaut. 

"Et ce mur avait 3-4 mètres de haut, et au sommet, quand le ciment était encore frais, ils fixaient des morceaux de verre, très coupants."

Op de 5 Quadratkilometer bannent der Mauer duerfte just Judde liewen, et huet ee missen oppassen, net op d’Läichen do ze trëppelen, an d’Ghettobewunner hätte vu KZer a vu Gaskummeren erzielt kritt. Si wossten deemno, wat si erwaarde géif, wa si géifen erwëscht ginn. Si hätte sech verstoppt, wieren awer verrode ginn. Dem Jozef Sznajer säi Papp gouf mat als Éischte matgeholl, koum awer zréck, mat him d’Hoffnung, sou säi Fils. D’Famill huet dono eng nei Stopp gesicht a fonnt an als eenzeg Famill iwwerlieft.

"Et les gens qui sortaient de la cachette se mettaient à hurler et à pleurer, et nous, on ne pouvait même pas montrer notre joie et notre bonheur d’être encore ensemble et sauvés, parce que ça aurait été d’une inconvenance mais totale!"

No enger 3. Stopp hätt de Papp gekuckt, fir seng Famill aus dem Ghetto erauszekréien. Hien hätt Kanalaarbechter op eng Flucht duerch d’Kanalisatioun ugeschwat. 

"Est-ce que vous pourriez sortir une famille? - Mais oui! Mais la nuit, pas le jour!"

Dono huet d’Famill nach 18 Méint ënnert dem Buedem op engem Bauerenhaff iwwerlieft an op engem weidere Bauerenhaff, no un der Frontlinn, bis zur Befreiung duerch d’Russen. Um Enn vum Krich huet den 8 Joer ale Jozef just 8 Kilogramm gewien. Fir e Freideg, eng 80 Joer dono, iwwer eng Stonn laang um Kierchbierg Jugendleche seng Liewensgeschicht z’erzielen.