Eng syresch ONG huet iwwerdeems Israel beschëllegt, e Fluchhafen an der Provënz Idleb bombardéiert ze hunn. Dat kuerz nodeems eng tierkesch Militärdelegatioun do war, fir dee Fluchhafen erëm a Stand ze setzen.
Zënter der Chute vum syresche President Baschar al-Assad am Dezember 2024, huet Israel Honnerte Loftattacken op Ziler a Syrie gemaach.
Weidere Familljemember zum Doud verurteelt
De Cousin vum fréiere President gouf iwwerdeems haut a Syrien zum Doud verurteelt. Dat wéinst Krichsverbiechen a Verbrieche géint d'Mënschlechkeet um syresche Vollek.
Den al-Assad selwer a säi Brudder goufen och d'lescht Woch an hirer Absence wéinst deenen nämlechte Verbriechen zum Doud verurteelt. De Baschar al-Assad ass no der Chute a Russland geflücht a Moskau wäert hie warscheinlech net ausliwweren.