arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ 250 Euro Prime de Reussite fir ofgeschlossene Studium

Héichschoul

|
headphones

2 min

headphones

1 min

play_arrow

250 Euro Prime de Reussite fir ofgeschlossene Studium

Mat der Reform vun de finanzielle Bäihëllefe fir Studenten soll an Zukunft eng Prime de Reussite fir en ofgeschlosse Studium ausbezuelt ginn. Dat huet d’Héichschoulministesch Stéphanie Obertin um Freide moien op enger Pressekonferenz zur Rentrée académique annoncéiert.

headphones

2 min

headphones

1 min

play_arrow
Héichschoulministerin Stéphanie Obertin  | © Pit Beffort
Héichschoulministerin Stéphanie Obertin (Foto: Pit Beffort )

De Montant vun der Prime läit bei 250€ a wier onofhängeg vum Studiegang oder dem Diplom, huet d’DP Ministerin präziséiert. D’Reform vun de Studiebäihëllefe wier an Zesummenaarbecht mat der Associatioun vun de Studentencercelen ACEL ausgeschafft ginn a soll der sozialer an ekonomescher Situatioun vun de Studente a Studentinne méi gerecht ginn.

Méi Transparenz 

Den neie Gesetzestext wier méi kloer an transparent wéi de viregten, ouni datt sech um Grondprinzip vun de Studiebäihëllefen eppes géif änneren, esou nach d’Héichschoulministerin Stéphanie Obertin. 

"Déi 4 Boursë bleiwen, bestoen, wéi och de Prêt"

Et wieren Upassunge gemaach ginn un der Bourse de mobilité, esou wéi um Index. Den Index géif net méi just eemol d'Joer ugepasst, mee all Semester, esou d'Ministesch.

Vun 2 op 1,8 Prozent

Iwwerdeems géif den "Taux de prêt maximal", dee Studenten a Studentinnen op hirem Prêt bezuele mussen, vun 2 op 1,8 Prozent erofgesat ginn, esou d'Stéphanie Obertin. Et wier och entscheet ginn, datt:

"D'Majoratiounen, déi d'Frais d'inscription betrëffen, wéi och déi Majoratioun, déi d'Studente betrëfft, déi eng Situation exceptionnelle oder grave hunn, fir do och nach eng  Kéier eppes dobei ze ginn."

De Gesetzesprojet zu der Reform vun de Studiebäihëllefen hat d'Héichschoulministesch Stéphanie Obertin virun 2 Wochen an der zoustänneger Chamberkommissioun deposéiert.

play_arrow Lauschteren