Fir Onrouen a Gewalt ze verhënnere ginn 21.000 Polizisten a Gendaarmen uechter Frankräich mobiliséiert, esou d‘Agence France Presse.
Am ganze Land wieren eng 150 Manifestatioune geplangt. Zu Paräis erwaart d‘Police tëscht 50.ooo an 100.000 Leit, an am ganze Land eng 350.000 Manifestanten.
Eric Ciotti bleift President vu Les Républicains
"D‘Justiz huet geschwat, ech si President vu Les Républicains." Dat sot den Eric Ciotti gëschter Owend. Virdrun hat d‘Geriicht seng Expulsioun aus der Partei als invalid erkläert.
Fir de konservative Politiker wier d‘Decisioun eng Evidenz gewiescht.
De Parteichef war ausgeschloss ginn, well hien eng Walallianz mat de Rietsextremiste vum Rassemblement National wollt agoen. Zwee Gremien hate seng Exklusioun confirméiert.