arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ 2025: D'Joer, an deem d'Brandmauer no riets am EU-Parlament fält

Réckbléck

|
headphones

5 min

headphones

9 min

play_arrow

2025: D'Joer, an deem d'Brandmauer no riets am EU-Parlament fält

D'Joer 2025 war eent, an deem déi Europäesch Unioun zeréckgeruddert ass: Gesetzer vum Green Deal goufen nogebessert. Fir dat ëmzesetze war deels d'Hëllef vu rietsen a riets-extreeme Parteien am Europaparlament gefrot.  

headphones

5 min

headphones

9 min

play_arrow
© European Union
(Foto: European Union)

2025 stoung alles am Zeeche vun der sougenannter Simplification administrative - an déi ass an den Ae vun der Europäescher Kommissioun virun allem néideg, fir d’Industrie, déi europäesch Entreprisen erëm méi kompetitiv ze maachen.  

Ënner där neier EU-Kommissioun, déi den 1. Dezember 2024 mat hirer Aarbecht ugefaangen huet, gouf aus dem Green Deal fir de Klimaschutz de Green Industrial Deal.

Green Deal gëtt ëmgebaut

Déi gréng Europadeputéiert Tilly Metz hat virun engem Joer virun eventuelle Konsequenze gewarnt.

“Ech mengen, et wier ee fatale Feeler fir d’Ëmwelt, fir d’Wirtschaft, fir eis Zukunft tout court, wa mir géifen a Saache Klimaschutz zeréckrudderen”

Bei der Fro, ob et esou wäit kéim, wäert eng Partei, nämlech déi gréisste Fraktioun am Europaparlament, d’Europäesch Vollekspartei, där zu Lëtzebuerg d’CSV ugehéiert, eng zentral Roll spillen. Dat hat deemools den LSAP-Europadeputéierte Marc Angel virausgesot.

Et kéim elo drop un, ob d’Koalitioun tëschent de pro-europäesche Fraktiounen hält.

"Déi Koalitioun tëschent EVP, Sozialdemokraten, de Liberalen an deene Gréngen, wäert halen, wann d'EVP sech drun hält. De Ball läit do nëmme bei hinnen."

Déi Koalitioun, dat kann een haut soen, huet net gehalen. Op alle Fall net ëmmer.

Et gouf vill méi punktuell nei Allianzen, notamment tëschent der EVP an de rietse Fraktiounen, vun den "Europäesche Konservativen a Reformer" an de "Patriote fir Europa". Béid Parteien haten zënter de Walen am Joer 2024 am Europaparlament staark zougeluecht.

Rëss an der Von-Der-Leyen-Koalitioun

D’Koalitioun tëschent de grousse pro-europäesche Parteie krut Rëss, virun allem beim Ëmgank mat Ëmwelt- a klimapoliteschen Dossieren.

Als éischt beim an der Tëschenzäit ganz ëmstriddenen EU-Gesetz iwwer d’Deforestatioun. Duerch dat soll weider Ofholze vu Bësch verhënnert ginn.

Lëtzebuerg hat hei interessanterweis zejoert seng Positioun geännert: De Grand-Duché stoung am Fong ëmmer hanner deem Gesetz, am Mee 2025 awer gouf et do ee Revirement.

D’Agrarministerin Martine Hansen huet op emol vun engem Bürokratie-Monster fir Baueren a Bëschbesëtzer geschwat an op der europäescher Tribün eng Campagne géint dat Gesetz gestart.

"Dat wëlle mir net akzeptéieren. Dofir hu mir zesumme mat Éisträich d’Kommissioun opgefuerdert, beim Entwaldungs-Gesetz Vereinfachunge virzegesinn."

Um Enn vun där laanger Diskussioun ronderëm dat Gesetz hu souwuel d’EU-Länner wéi och d’Majoritéit am Europaparlament fir d’Verleeën a fir d’Ofschwäche vum Gesetz gestëmmt.

Am Europaparlament koum d’Majoritéit dofir mat der Hëllef vun de Stëmme vum rietsen a rietsextreeme Bord zesummen. Déi zwou CSV-Europadeputéiert hunn dat matgedroen.

CSV-EU-Deputéiert stëmme mat rietsen a riets-extreeme Fraktiounen

Beim Vott iwwer d’Deforestatiouns-Gesetz huet d’CSV-EU-Deputéiert Isabel Wiseler-Lima dat esou justifiéiert.

"Mir fannen, datt dee Kompromëss an der Rei ass. Et si Moossnamen, déi musse geholl ginn. Mir sinn an enger Situatioun, an där mir handele mussen."

Scho virdru war et am Parlament zu esou engem Vott an zu engem reegelrechten Eclat komm. Dat war den 13. November, wéi iwwer d’Liwwerkette-Gesetz ofgestëmmt gouf.

D’Europäesch Vollekspartei hat och hei zesumme mat Riets a Rietsextreem fir een Delai an d’Ofschwäche vum Gesetz gestëmmt.

De Schock bei de Koalitiounspartner souz déif, esou den LSAP-Europadeputéierte Marc Angel.

"Wat mech am meeschte schockéiert huet bei deem Vott, dat war, wéi um Schluss d’EVP an déi riets-extreem geklappt a gejabelt hunn. Et war bal wéi bei enger Hochzäit, wann déi zwee Jo gesot hunn."

Och de René Repasi vun den däitsche Sozialdemokraten, deen d’Verhandlunge fir d’Sozialisten am Europaparlament iwwer d’Gesetz geféiert hat, hält fest: 

"Das ist ein schwarzer Tag für die europäische Demokratie."

D’CSV-Europadeputéiert awer stoungen zu hirem Vott. D’EVP wier op hirer Linn bliwwen, esou d’Martine Kemp, CSV-Europadeputéiert.

"Firwat musse mir dann nach op eisen Iddien noginn, Kompromësser agoen, wann et net méiglech ass, do dee grousse Kompromëss mat deenen aneren alleguer ze fannen? Mee da bleiwe mir op eiser Linn."

D’Brandmauer no riets ass gefall, esou deemools de Bilan op där anerer Säit.

Et war eng Premiere, datt en europäescht Gesetz géint d’Stëmme vun de quasi geschlosse Reie vu Sozialisten, Liberalen a Gréngen duerchgoung. 

Ee Chrëschtkaddo fir den däitsche Kanzler: Den Aus vum Verbrenner-Aus

Um Schluss vum Joer huet d’Kommissiounspresidentin Ursula von der Leyen hirem Compatriot a Parteikolleeg, dem däitsche Kanzler Friedrich Merz, nach e Kaddo gemaach.

Der Propos vun der EU-Kommissioun no kéinten och no 2035 nach weider Autoe mat Verbrennermotor verkaf ginn. D’Industrie misst déi zousätzlech CO2-Emissiounen op anere Plazen ausgläichen.

Um Endresultat géif dat klimapolitesch gesinn näischt änneren, hat de Stéphane Séjourné, EU-Kommissär fir d’Industrie festgehalen.

"Les flexibilités que nous introduisons ne remettent pas ces objectifs en cause."

Lëtzebuerg wier net Demandeur gewiescht, fir den Aus vum Verbrenner ze kippen. Dat hat eis virdrun den Ëmweltminister Serge Wilmes gesot.

"Ons Positioun ass déi, déi och de Premier Luc Frieden rezent formuléiert hat, ass déi, datt mir recommandéiert hunn, bei deem Verbuet vun 2035 (un) ze bleiwen."

D’Fro ass elo, wéi sech Lëtzebuerg an déi aner Länner um Enn positionéieren.

Wat d’Europaparlament ugeet, dat hunn déi éischt Reaktioune gewisen, kann een dovun ausgoen, datt sech eng Majoritéit fanne wäert, déi dofir ass de Verbuet ze kippen.

Dofir sinn op alle Fall déi riets Fraktiounen an d’Europäesch Vollekspartei, déi sech ganz staark dofir agesat huet. An et ass vläicht dës Kéier guer net néideg, eng Majoritéit mat rietse Parteien ze sichen, well Deeler vun de Liberalen an och vun de Sozialisten hunn d’Propos vun der Kommissioun begréisst.

Vum Parlament aus steet deem Aus vum Verbrenner Aus méiglecherweis net vill am Wee. 

 

play_arrow Lauschteren