Radioen

On air

Moiesstudio  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ 2024 wäert wuel all Temperaturrekorder briechen

Europäesche Wiederdéngscht

2024 wäert wuel all Temperaturrekorder briechen

2024 gëtt mat héijer Warscheinlechkeet dat wäermst Joer zanter dem Ufank vun den Opzeechnungen. Dat confirméiert op en Neits den europäesche Wiederdéngscht Copernicus.

auto_stories

1 min

Summer | © Adobe Stock
Foto: Adobe Stock

Den November 2024 war weltwäit deen zweetwäermsten November iwwerhaapt, mat enger Duerchschnëttstemperatur vu 14,1 Grad Celsius. Dat sinn 0,73 Grad iwwer der Moyenne vun der Period tëschent 1991 an 2020.

Och besonnesch markant: 16 vun de leschte 17 Méint louchen iwwer der kritescher Mark vun 1,5 Grad Erwiermung am Verglach mam vir-industriellen Niveau.

Och d'Mierestemperaturen hu Rekordwäerter erreecht, wärend sech d'Äis an der Arktis an Antarktis weider massiv zeréckzitt. De Wiederdéngscht Copernicus warnt: Dat géif weisen, wéi dringend et wier, ambitiéis Klimaschutzmesuren ëmzesetzen, fir d'Ziler vum Paräisser Ofkommes nach ze erreechen.